Nous présentons...
Nadège HENTZEN
this week matches
Sat, 15.12.2018 18:00NLD VC SteinfortCHEV DiekirchKoerich
last week results
Sat, 08.12.2018 20:00NLD VC StrassenVC Steinfortreporté
Sun, 09.12.2018 14:00D3D VC Steinfort 3Volley Bartreng 3
Sun, 09.12.2018 18:00D1H VC SteinfortVolley Bartreng 2
Sun, 09.12.2018 19:00D1D VC Fentange 2VC Steinfort 2

  • Sungas
  • GNToitures
  • logo grober
  • Logo HilbertConstructions
  • logo kichechef
  • logo kirsch
  • logo luxmotor
  • logo raiffeisen
  • Lucas new test
  • logo studio3
  • RoyalAuto
  • Peinture Paul Theis
  • Cars Benelux
  • logo Total
  • Clausel
  • LOGO CROCCANTE WEB
  • LOGO ären hauswierker

Dammenmatch ofgesoot

Mir mussen leider matdeelen, dass den Match vun eisen Dammen géint den VC Stroossen, opgrond vun Waasser an der Stroossener Haal, misst ofgesoot ginn. Wéini den Match nogeholl gëtt, steet aktuell nach net fest. Mir haalen Iech um Laafenden!

Print Email

Baggers de Bal Tombola-Gewënner

D'Lousfee huet hier Aarbecht gemaach an 3 Gewënner fir eis Tombola vum Baggers de Bal gezunn.

Déi glécklëch Gewënner sinn:

1. Präis (100): N° 0113

2. Präis (75): N° 0288

3. Präis (50): N° 0408

Wann dir een vun dësen 3 Ticketen hutt, hutt dir bis den 31.12.2018 Zäit ären Gewënn anzeléisen. Mellt iech dofir einfach beim Guy Erpelding (Tel.: 661700513).

Print Email

Resulater vum Weekend (10. & 11.11.)

Et war en ereignisräichen Weekend fir eis Stengeforter Equipen. Niewt dem Baggers de Bal, deen wéi all Joërs nees en groussen Succès war, stoung den Championnat um Programm. Eis Dammen 1 waren auswärts beim VC Mamer am Asaatz. Eis Hären 1 hunn den VB Iechternach am Match vun deenen 2 Opsteiger empfaangen. Hei en Iwwerbléck vun den Resultater:

 

NLD: VC Mamer - VC Steinfort 1-3 (16:25 ; 22:25 ; 25:23 ; 18:25)

No den 2 Défaiten géint den CHEV Diekrech an d'Résidence vun Walfer wollten eis Meedecher auswärts beim VC Mamer onbedéngt 3 Punkten matheem huelen. Sie weisen vun Ufank un an wéieng Richtung sëch dësen Match entwéckelen sollt. Ouni d'Cécile Hory, daat krankheetsbedéngt net konnt dobäi sinn, mee dofir mam Lisa Hutmacher an der Mëtt, iwwerzeegen eis Meedecher virun allem duerch hiert staarkt Ugrëffsspilll. Dorop haaten déi Mamer Dammen am Ufank keng Äntwert parat, sou dass eis Meedecher sëch eng kleng Avance erausspillen konnten. Déi sollten sie sëch bis zum Schluss neméi huelen loossen an gewannen den Saatz schlussendlech däitlech mam Score vun 25:16.

Sou sollt et och am 2. Saatz weidergoën. Eis Meedecher maachen weiderhin vill Drock, deen an Kombinatioun mat wéineg eegenen Feeler fir en klengen Virsrpong suergt. Géint Enn vum 2. Saatz schläichen sëch dann e puer Feeler an daat Stengeforter Spill. Déi Mamer Dammen kommen nach eng Kéier verdächteg no erun, iert eis Meedecher den Saack zoumaachen an den Saatz mat 25:22 gewannen.

Daat Ganzt koum dunn awer nach eng Kéier kräfteg un d'Wackelen, nodeems eis Dammen ab dem 3. Saatz hunn missen op d'Kelly Schmit verzichten. D'Michelle Clemen hëllt seng Positioun an der Attaque an. Déi Mamer Dammen wollten hier Chance tentéiren an fänken mat vill Drock um Service un. D'Localéquipe kann sëch eng kleng Avance erausspillen, allerdéngs haalen déi gudd opgeluechten Yana Feller an Silvana Dascalu eis Meedecher an Schlaagdistanz. Den Schluss vun dësem Saatz versprëcht vill Spannung. Um Enn sinn et dann ze vill eegen Feeler op Stengeforter Säit, an déi Mamer Dammen sëcheren sëch den Saatz knapp mat 25:23. Iergerlëch fir eis Meedecher, mee net onverdéngt aus Mamer Siicht.

Am 4. Saatz fannen eis Meedecher dann hier Liichtegkeet aus dem 1. an 2. Saatz nees rem, sou dass déi Mamer Dammen et schwéier kreien. D‘Localéquipe haat deem neméi vill entgéint ze setzen, sou dass eis Meedecher sech hier Avance nët mei huelen gelooss hunn. Sie gewannen den 4. Saatz mat 25:18 an den Match mat 3-1. Trotz dem Saatzverloscht eng gudd Leeschtung vun eisen Meedecher déi an der Tabell op déi 5. Plaatz klammen, nodeems den VC Stroossen parallell zu Diekrech mat 0-3 verléiert.

Nächsten Samsden ass dann den V80 Péiteng den Géigner vun eisen Meedecher. Den Match gëtt um 19:30 Auer zu Stengefort ugepaff. Et ass een wichtegen Match fir eis Dammen, bei deem sie all Ënnerstëtzung gebrauchen kënnen. Kommt sie alleguer op Stengefort ufeieren!

 

D1H: VC Steinfort - VB Echternach 3-0 (28:26 ; 26:24 ; 25:20)

En wichtegen Match stoung fir eis Stengeforter Hären um Programm, sie haaten den VB Iechternach op Besuch. An dësem Match stoungen sëch also déi 2 Opsteiger aus der 2. Divisioun géigeniwwer, an béid Equipen wollten déi 3 Punkten onbedéngt fir sëch hunn. No der Victoire géint den V80 Péiteng virun 2 Wochen waren eis Jongen voll motivéiert fir dës Missioun an Ugrëff ze huelen. Déi Iechternacher haaten allerdéngs déi nämlecht Intentioun, an hunn vun Ufank un Vollgas ginn. En extrem dichten Block deen kaum direkt Punkten zougelooss huet, sou wéi e staarken Service huet deenen Iechternacher zu engem klengen Virsprong verhollëf, deen och iwwert d'Dauer vum Saatz unhaalen sollt. Eis Jongen haaten Problemer an den Match ze fannen, d'Motivatioun huet sie allerdéngs ugedriwwen, an sou konnten sie eenegermoossen drubleiwen. Beim Stand vun 24:21 haaten d'Gäscht dann 3 Sätzbäll, konnten allerdéngs keen dovun verwerten, an eis Hären konnten ausgläichen. No kuerzem Hin- an Hier konnten eis Hären hieren 2. Saatzball notzen, an den Saatz domat mam Score vun 28:26 fir sëch entscheeden.

Ween hei gemengt huet, déi Iechternacher géingen sech dovun beandrocken loossen, deen haat d'Rechnung ouni sie gemaach. Sie fueren do weider wou sie géint Enn vum 1. Saatz opgehaal haaten. Et huet een quasi eng Copie vum 1. Saatz gesinn, eis Hären haaten weiderhin Schwieregkeeten mat der Receps, an hunn sëch d'Liewen mat villen eegenen Feeler weiderhin selwer schwéier gemaach. Allerdéngs konnten eis Jongen sëch am Spill haalen, well deen Iechternacher Block nemei sou staark war, wéi daat nach am Ufank den Fall war. Et koum zu engem serréierten Saatzenn, wou déi Iechternacher sëch weider schwéier doën, déi wichteg Punkten ze maachen. Eis Hären hunn beim Score vun 25:24 een éischten Saatzball, an kënnen deen och direkt notzen no engem Block vum Relu Vlaicu.

Déi Iechternacher konnten engem baal leed doën, 2 Sätz laang hunn sie extrem gudd dogéint gehaalen, mussen sëch allerdéngs bei der eegener Nues huelen, well sie an der wichteger Phase net konsequent genuch waren.

Am 3. Saatz wollten eis Jongen dunn näischt méi ubrennen loossen. Endlëch fannen sie zu hierem Spill, an eng mental geschwächten Iechternacher Equipe haat deem net méi vill entgéint ze setzen. Séier koum eng däitlech Avance zustaanen. Beim Score vun 24:15 haaten eis Männer deen éischten Saatzball, mee no enger Reih vun blöden Feeler war et dunn schlussendlech deen 6. Saatzball deen fir d'Entscheedung gesuergt huet. Deen 3. an décisiven Saatz geet mat 25:20 un eis Jongen, déi den Match domat mat 3-0 gewannen.

An der Tabell stinn sie domat mat 6 Punkten aus 3 Matcher op der 4. Plaatz. Nächsten Samsden sinn eis Jongen dann beim VC Belair 2 op Besuch. Dësen Match gëtt um 15:30 Auer ugepaff.

 

D1D: VC Lorentzweiler - VC Steinfort 2 3-0 (25:16 ; 25:19 ; 25:11)

D3D: VC Steinfort 3 - VB Amber-Lënster 0-3 (18:25 ; 14:25 ; 20:25)

D2H: VC Steinfort 2 - VC Strassen 2 (Verluecht)

 

En groussen MERCI geet wéi ëmmer un all eis Supporter déi eis Equipen dësen Weekend nees ënnerstëtzt hunn!

Print Email

Baggers de Bal mam DJ Djails

Dësen Freiden, 9. November ass et ërem sou wäit!

Den VC Stengefort invitéiert op säin traditionellen Baggers de Bal. Fir den musikalëschen Encadrement suergt wéi ëmmer den DJ Djails.

Eng super Stëmmung ass hei garantéiert, loosst Iech dësen Evenement nët entgoen!

Lass geet et ab 21 Auer am Centre Roudemer zu Stengefort.

 

 

Print Email

Resultater vum Coupe-Weekend

Den Weekend stoung d'Coupe um Programm fir eis Stengeforter Equipen, hei d'Resultater vun eiser Dammen- an Härenéquipe:

VC Belair (D2D) (+5) - VC Steinfort (NLD) 0-3 (12:25 ; 14:25 ; 16:25)

Fir eis Dammen goung et auswärts bei den VC Belair (2. Divisioun). Als Equipe aus der Novotel Ligue waren sie um Pabéier natierlech favoriséiert, mee d'Coupe huet jo bekanntlech hier eegen Reegelen. Déi grouss Iwwerraschung sollt an dësem Match allerdéngs ausbleiwen. Den Stengeforter Trainer Pompiliu Dascalu huet vun dëser Geleegenheet profitéiert, fir och deenen Spillerinnen déi soss manner Spillzäit kréien, hieren Asaatz ze ginn. Och wann d'Dammen vum Belair an all Saatz mat 5 Punkten Virsprong gestart sinn, sou konnten eis Meedecher schnell nees ausgläichen an en kloëren Virsprong erausspillen. Et bleiwt awer ze soën, dass d'Equipe vum Belair phasenweis richteg gudd dogéint gehaalen huet, an eis Meedecher bei deem een oder aaneren Ballwiessel kaal erwëscht huet. Ënnert dem Strëch war den Ënnerscheed tëschent deenen 2 Equipen awer däitlech ze gesinn. Sou gewannen eis Meedecher kloer an verdéngt mat 3-0 an stinn domat an der Véirelsfinall. Hei ass den Géigner den Volley Bartreng, déi hieren 1/8-Finall-Match géint den VB Iechternach mat 3-2 gewonnen haaten.

VC Steinfort (D1H) (+4) - Escher VBC (NLH) 0-3 (22:25 ; 20:25 ; 23:25)

Eis Hären haaten um Sonndegowend den Escher VBC op Besuch. Am Virfeld war kloer, dass den Supercoupe-Gewënner vun Esch den Favorit wier, mee sou däitlech sollt et hei net ginn. Eis Hären ginn mat Respekt an dësen Match, an deem sie an all Saatz 4 Punkten Virsprong kruuten. An et sollt och eng Zäit laang daueren, bis déi Escher dësen égaliséieren konnten. Duerch hiert séiert Spill sollt dëst awer fréiher oder spéider geléngen, sou dass d'Gäscht sëch en klengen Virsprong erausspillen konnten. Duerch vill Asaatz an eng deels onkonventionell Spillweis konnten eis Stengeforter Hären déi Escher allerdéngs déi eng oder aaner Kéier iwwerraschen, sou dass et bis zum Enn spannend bleiwen sollt, well sech och ëmmer erem kleng Feeler an daat Escher Spill geschlach hunn. Schlussendlech hunn dei Escher sech den éischten Saatz mam Score vun 25:22 gesëchert. Dëst war sou zimmlech d'Bild vum Match, eis Hären konnten deels gudd mathaalen, ma um Enn sollt et net duergoën fir dem Supercoupe-Gewënner ee Saatz ofzeknäppen. Sou ginn d'Sätz 2 an 3 och un dei Escher mat 25:20 an 25:23. Fir d'Gäscht heescht et also Pflichtaufgab erfëllt, während fir eis Hären an der Aachtelsfinall Schluss ass. Trotzdem kann een aus Stengeforter Siicht zefridden sinn an positiv op déi nächst Matcher kucken.

 

Eis Dammen 2 an Hären 2 kommen réicht am nächsten Tour vun der Coupe FLVB zum Asaatz, sie haaten an der éischter Ronn ee Fräilous zougeloust kritt. D'Dammen 2 wärten et an der 2. Ronn mam VC Fenténg 2 ze doen kréien, während eis Hären 2 op den VC Stroossen 2 treffen. Dës Matcher wärten den 15./16. Dezember gespillt ginn.

 

Nächste Weekend steet dann nierft dem Baggers' de Bal rem normal den Championnat um Plang fir all eis Equipen.

Lass geet et en Samsden um 16:00 Auer. Do sinn eis Dammen 2 beim VC Luerenzweiler op Besuch.

Um 19:00 Auer ass et un den Dammen 1, déi auswärts zu Mamer untrieden.

D'Dammen 3 maachen d'Ouverture um Sonnden, sie spillen doheem géint den VB Amber-Lënster, dëst um 14:00 Auer.

Am leschten Match vum Weekend treffen eis Hären 1 um 18:00 Auer am Duell vun den Opsteiger op den VB Iechternach.

 

Mir zielen dobäi natierlech op d'Ënnerstëtzung vun eisen Supporter!!

 

Print Email

  • Sungas
  • GNToitures
  • logo grober
  • Logo HilbertConstructions
  • logo kichechef
  • logo kirsch
  • logo luxmotor
  • logo raiffeisen
  • Lucas new test
  • logo studio3
  • RoyalAuto
  • Peinture Paul Theis
  • Cars Benelux
  • logo Total
  • Clausel
  • LOGO CROCCANTE WEB
  • LOGO ären hauswierker