Nous présentons...
Happy Birthday
Lynn WOLTER
14 ans

  • Sungas
  • GNToitures
  • logo grober
  • Logo HilbertConstructions
  • logo kichechef
  • logo kirsch
  • logo luxmotor
  • logo raiffeisen
  • Lucas new test
  • logo studio3
  • RoyalAuto
  • Peinture Paul Theis
  • Cars Benelux
  • logo Total
  • Clausel
  • LOGO CROCCANTE WEB
  • LOGO ären hauswierker

Season's Opening Party

Nodeems d'Stengeforter Dammen leschten Weekend hieren eischten Match vun der neier Saison auswärts bei der CS Gym Volley bestridden hunn, ass et dësen Weekend souwäit: Et ass Zäit fir deen éischten Heemmatch! Fir daat ze feieren organiséiert den VC Stengefort seng traditionell Season's Opening Party. Den Géigner an dësem éischten Heemmatch heescht VC Stroossen. Eis Dammen wëllen natierlech d'Défaite vun leschtem Weekend vergiess maachen an beschtefalls 3 Punkten aus dësem Match mathuelen, an brauchen dofir är Ënnerstetzung! Lass geet et um 19:30 Auer zu Stengefort am Centre Sportif Roudemer mam Match, iert et duerno an der Buvette mat eiser Season's Opening Party weider geet. Duuschtreg soll natierlech keen heemgoën, an och fir den "klengen" Honger ass gesuergt: Nieft kaalem Clausel-Béier verkaafen mir Raclette an der Buvette. Mir hoffen op är Ënnerstëtzung um Match, an natierlech dorop mat iech nom Match kënnen unzestoussen. Dofir: Sidd alleguer dobäi muer, Samschdëg den 13. Oktober um 19:30 Auer am Centre Sportif Roudemer wann et nees heescht "Stengefort, ONE TEAM!"

Print Email

U19 Nationaléquipe gewënnt Gold an Liechtenstein - Yana Feller zum MVP an Best Spiker gewielt!

D'U19 Nationaléquipe gewënnt op der SCD European Championship Gold an Liechtenstein! Dobäi setzen sie sech 3-0 géint Wales, 3-1 géint d'Färöer Inselen, 3-1 géint Schottland an 3-0 géint Liechtenstein duerch. Fir den VC Stengefort mat dobäi waren d'Yana FELLER an d'Anna NEY. D'Yana, daat d'Équipe als Kapitänin ugefouert huet, konnt sech dobäi den Titel vum "Most Valuable Player" an dem "Best Spiker" sécheren. En super Exploit vun eisen "Red Lion Ladies" op deen sie stolz kënnen sinn!

Den VC Stengefort gratuléiert hinnen fir hier super Leeschtung!

                   

 


 

Print Email

Pompiliu DASCALU neien Dammentrainer zu Stengefort

Nodeems décidéiert ginn wor dem Aurel VLAICU säin Vertrag net weiderzeféieren, huet de Club elo an der Persoun vum Pompiliu DASCALU een neien Trainer fir d'Saison 2018/19 fir séng Dammenéquipen fonnt.

No enger exemplarescher Carrière als Profispiller mat engem impressionnanten Palmarès huet de Pompiliu eng Carrière als Trainer gestart.

Hei séng Veräiner bis elo:

2001-2003 Goëlo Côtes d’Armor VB
2004-2009 Chaumont VB 52
2009-2018 Terville Florange OC

Hien wäert fir sämtlech Dammenéquipen d'Verantwortung droën an de Veräin ass iwwerzeegt dass séng Aarbecht eng weider positiv Evolutioun wäert fir eis Dammen a fir de VC Stengefort bedeiten.

Mir wënschen den Pompiliu häerzlech wëllkomm!

 

Print Email

VC Stengefort Beach 2018

Endlech ass et sou weit!

Ab elo kënnt dir Iech fir d'Beachtournoi'en zu Stengefort umellen! Dëst geet ganz einfach op eisem Internetsite vcsteinfort.lu ënnert der Rubrik "Beach", wou dir och eng Lëscht vun allen Ekippen gesidd dei bislo ugemellt sinn. Wichteg: Är Ekipp ass reicht dann ugemellt, wann d'Iwwerweisung gemaach ass, deen Eischten ass vir!

Opgrond vun diversen Tëschenfäll waat eis Reegelung mat 1 lizenséierten Spiller pro Ekipp ugeet, wëllen mir préziséieren dass all Ekipp dei mat mei wei engem lizenséierten Spiller um Terrain erwëscht gëtt, automatesch disqualifizéiert gëtt!

Mir freeën eis op 2 flott Weekender!

           

Print Email

Quizowend mam VC Stengefort

De 5. Mee organiséiert de VC Stengefort säin 2. Quizowend, an dëst an der Aler Schmelz zu Stengefort.

Ab 18:30 Auer kënnt dir och do iessen (umellen erwënscht), mir bidden Ierch Gegrills an en Zalotenbuffet un.

Den Quiz selwer soll géint 20:15 Auer starten.

Eng Equipe soll aus 4-6 Leit bestoen an d'Startgeld ass 20€/Equipe.

Umellen kënnt Dir Ierch bis den 01.05.2018 iwwer Telefon ënnert folgender Nummer: 691395402

Mir freeën eis op en flotten (an hoffentlech fairen) Owend!

 

Print Email

  • Sungas
  • GNToitures
  • logo grober
  • Logo HilbertConstructions
  • logo kichechef
  • logo kirsch
  • logo luxmotor
  • logo raiffeisen
  • Lucas new test
  • logo studio3
  • RoyalAuto
  • Peinture Paul Theis
  • Cars Benelux
  • logo Total
  • Clausel
  • LOGO CROCCANTE WEB
  • LOGO ären hauswierker