
Baggers de Bal 2017
Et ass ërem sou weit!
Den VC Stengefort invitéiert Ierch op säin Baggers de Bal, den Freiden, den 10. November am Centre Roudemer zu Stengefort!
Wéi all Joër suergen mir fir eng super Stëmmung mat gudder Musek vum DJ Djails!
Ticketen kritt dir bei all Spiller a Comitésmember fir 5€ ze kaafen.
Mir hoffen Ierch alleguer den 10. November zu Stengefort begréissen ze kënnen!
Yana Feller Vize-Landesmeeschter am Beachvolleyball
Läschte Weekend goufen d'Landesmeeschter am Beachvolleyball zu Lëtzebuerg gekréint. Dobei huet eis Spillerin d'Yana Feller mat sénger Partnerin Carole Nicolas et bis an d'Finall gepackt, nodeems sie an der Halleffinall d'Koppel Grethen/Klerf 2-0 (21-19, 23-21) eliminéiere konnten.
An der Finall hun sie sech awer missen géint di nei Landesmeeschterinnen Eline Delcourt & laura Ruellan mat 2-0 (21-19, 21-10) geschloen gin.
Mir gratuléieren dem Yana fir des zweet Plaatz, BRAVO!