Skip to main content

Stengeforter Beachdays

Wann déi regulär Volleyballssaison op een Ënn geet, fänkt dann sou zimmlech direkt d'Beachsaison un.

An wat wier eng Beachsaison ouni eis traditionell Stengeforter Beachdays. Déi fannen dëst Joer un folgenden Datumer statt:

  • Samschdes, den 15. Juni 2024
  • Sonndes, den 16. Juni 2024
  • Samschdes, de 13. Juli 2024
  • Sonndes, den 14. Juli 2024

4 x 4 Loisir (max. 1 Lizenzéierten)
D'Startgeld fir een Dag ass 55€ / Ekipp.
An all Umeldung si schonn 10€ Consommatiounsbonge mat dran.

Soubal dir d'Iwwerweisung gemaach hutt sidd dir ageschriwwen.

Bankkontakt: CCRALULL LU57 0090 0000 5189 5043

All Ekipp déi un engem Tournoi deelhëlt gewënnt eppes!