Pompiliu DASCALU neien Dammentrainer zu Stengefort
Nodeems décidéiert ginn wor dem Aurel VLAICU säin Vertrag net weiderzeféieren, huet de Club elo an der Persoun vum Pompiliu DASCALU een neien Trainer fir d'Saison 2018/19 fir séng Dammenéquipen fonnt.
No enger exemplarescher Carrière als Profispiller mat engem impressionnanten Palmarès huet de Pompiliu eng Carrière als Trainer gestart.
Hei séng Veräiner bis elo:
2001-2003 Goëlo Côtes d’Armor VB
2004-2009 Chaumont VB 52
2009-2018 Terville Florange OC
Hien wäert fir sämtlech Dammenéquipen d'Verantwortung droën an de Veräin ass iwwerzeegt dass séng Aarbecht eng weider positiv Evolutioun wäert fir eis Dammen a fir de VC Stengefort bedeiten.
Mir wënschen den Pompiliu häerzlech wëllkomm!

















