U19 Nationaléquipe gewënnt Gold an Liechtenstein - Yana Feller zum MVP an Best Spiker gewielt!
D'U19 Nationaléquipe gewënnt op der SCD European Championship Gold an Liechtenstein! Dobäi setzen sie sech 3-0 géint Wales, 3-1 géint d'Färöer Inselen, 3-1 géint Schottland an 3-0 géint Liechtenstein duerch. Fir den VC Stengefort mat dobäi waren d'Yana FELLER an d'Anna NEY. D'Yana, daat d'Équipe als Kapitänin ugefouert huet, konnt sech dobäi den Titel vum "Most Valuable Player" an dem "Best Spiker" sécheren. En super Exploit vun eisen "Red Lion Ladies" op deen sie stolz kënnen sinn!
Den VC Stengefort gratuléiert hinnen fir hier super Leeschtung!

















