Season's Opening Party

Nodeems d'Stengeforter Dammen leschten Weekend hieren eischten Match vun der neier Saison auswärts bei der CS Gym Volley bestridden hunn, ass et dësen Weekend souwäit: Et ass Zäit fir deen éischten Heemmatch! Fir daat ze feieren organiséiert den VC Stengefort seng traditionell Season's Opening Party. Den Géigner an dësem éischten Heemmatch heescht VC Stroossen. Eis Dammen wëllen natierlech d'Défaite vun leschtem Weekend vergiess maachen an beschtefalls 3 Punkten aus dësem Match mathuelen, an brauchen dofir är Ënnerstetzung! Lass geet et um 19:30 Auer zu Stengefort am Centre Sportif Roudemer mam Match, iert et duerno an der Buvette mat eiser Season's Opening Party weider geet. Duuschtreg soll natierlech keen heemgoën, an och fir den "klengen" Honger ass gesuergt: Nieft kaalem Clausel-Béier verkaafen mir Raclette an der Buvette. Mir hoffen op är Ënnerstëtzung um Match, an natierlech dorop mat iech nom Match kënnen unzestoussen. Dofir: Sidd alleguer dobäi muer, Samschdëg den 13. Oktober um 19:30 Auer am Centre Sportif Roudemer wann et nees heescht "Stengefort, ONE TEAM!"

Print Email

  • Sungas
  • GNToitures
  • logo grober
  • Logo HilbertConstructions
  • logo kichechef
  • logo kirsch
  • logo luxmotor
  • logo raiffeisen
  • Lucas new test
  • logo studio3
  • RoyalAuto
  • Peinture Paul Theis
  • Cars Benelux
  • logo Total
  • Clausel
  • LOGO CROCCANTE WEB
  • LOGO ären hauswierker