D'Resultater vum Weekend - Dammen 1,2 an erfollegräich, Hären verléiren Optakt

En erfollegräichen Weekend geet fir den VC Stengefort op en Enn, dobäi sinn folgend Resultater erauskomm:

NLD: VC Stengefort - VC Stroossen 3-0 (26:24 ; 25:23 ; 25:17)

D'Stroossener Dammen haaten deen besseren Start fir sech, an ginn mat vill Drock um Service schnell 6:0 an Féihrung. No engem temps-mort kommen eis Dammen nees Stéck fir Stéck erun, sou dass sech en ausgeglachenen Match entwéckelt. Keen kann sech wierklech ofsetzen. Eis Dammen ginn eng éischte Kéier beim Stand vun 25:24 an Féihrung an kënnen direkt deen éischten Saatzball verwerten. 1-0 fir eis Meedecher.

Deen 2. Saatz verleeft ähnlech: Et sinn nees déi Stroossener déi besser aus dem Säitewiessel erauskommen an sech e puer Punkten Avance erausspillen kënnen, iert eis Meedecher un d'Laafen kommen. Mat engem staarken Blockspill an ëmmer mei Réussite an der Attaque kommen eis Meedecher nees erun an kënnen sech géint Enn vum Saatz e puer Punkten Avance erausspillen. Dei Stroossener kommen nach eng Kéier liicht erun, um Enn behaalen eis Meedecher allerdéngs d'Nerven an erhéichen op 2-0 an den Sätz (Score 25:23).

Am 3. Saatz sinn eis Meedecher vun Ufank un hellwaakreg an spillen sech direkt eng 4-Punkten-Féihrung eraus. De Géigner vu Stroossen wierkt an villen Sequenzen midd, et feelt hinnen d'Réussite an der Attaque. Ëmmer méi Feeler maachen sech am Stroossener Spill breed, sou dass Stengefort sech weider ofsetzen kann. Um Enn geet och dësen Saatz mat 25:17 un eis. Ët ass soumat déi éischt Victoire fir eis Dammen am 2. Match.

Nächste Weekend geet et dann auswärts géint den CHEV Diekrech, deen sech um Sonnden 3-1 géint Péiteng behaapt.

D1D: VC Stengefort 2 - VC Mamer 2 3-0 (25:23 ; 25:12 ; 25:23)

Och d'Dammen 2 maachen en super Match, deen zu Ufank relativ ausgeglach ass. Keng Equipe kann sech wierklech ofsetzen, réicht géint Schluss vum Saatz kënnen eis Meedecher an Féihrung goën an sou den Saatz fir sech entscheeden. Score 25:23 an 1-0 fir Stengefort.

Am 2. Saatz spillt eis Formatioun ganz konzentréiert an mëcht kaum Feeler. De Géigner vu Mamer huet Problemer do matzehaalen an geréiht séier kloer a Réckstand. De Saatz geet um Enn kloer mat 25:12 un eis Meedecher.

Den 3. Saatz ass dann baal eng Copie vum 1. Saatz, et schleichen sech nees mei Feeler an daat Stengeforter Spill, mee um Enn sollt et awer duer goën fir den Saatz mat 25:23, an soumat den Match mat 3-0 ze gewannen.

D3D: V80 Péiteng 3 - VC Stengefort 3 1-3 (12:25 ; 25:17 ; 18:25 ; 11:25)

Och d'Dammen 3 sinn um Sonnden an d'Saison gestart an waren dobäi zu Péiteng um Besuch. Bei dëser Geleegenheet koumen vill nei Gesiichter op Stengeforter Säit zu hierem Début an den Stengeforter Faarwen. Mam Lindsay Scheer (virdrun V80 Péiteng), Anne Schwarz (virdrun RSR Walfer), Julie Stephany (virdrun VC Luerenzweiler), souwéi dem Jil Philippe, daat no 2 Joër beim V80 Péiteng den Wee zréck op Stengefort fonnt huet, starten direkt 4 nei Spillerinnen fir eis Meedecher. An sie hunn direkt mol kloër gestallt ween den Chef um Terrain ass. Sie gewannen den 1. Saatz mat 25:12 an loossen der Lokaléquipe keng Chance.

No engem staarken 1. Saatz hunn eis Meedecher dunn e wéineg rotéiert, waat fir Onsëcherheet um Terrain gesuergt huet. Déi Péitenger fannen lues awer sëcher an d'Spill, d'Feeler häufen sech op Stengeforter Säit, an sou war een séier mat 10 Punkten hannen. No 2 temps-morts kënnen eis Meedecher nach eng Kéier liicht opschléissen, allerdéngs loossen dei Péitenger Dammen sech des komfortabel Avance net mei huelen, an gewannen den 2. Saatz mat 25:17.

Op Stengeforter Säit huet een aus sengen Feeler geléiert, an sou steet zum Ufank vum 3. Saatz nees d'Starting Six um Terrain. Dëst mëcht sech séier bemierkbar an eis Dammen spillen sech nees séier eng kloër Avance eraus, op déi den Géigner keng Äntwert parat haat. Den Saatz geet um Enn mat 25:18 un eis Formatioun.

Och am 4. Saatz waren eis Meedecher vun Ufank un hellwaakreg an wollten op der aanerer Säit keng Hoffnung mei opkommen loossen. Dëst geléngt hinnen exzellent, sie maachen kaum Feeler an gewannen dësen Saatz däitlech mat 25:11. Um Enn steet also eng 3-1 Victoire fir eis Meedecher um Pabéier, iwwert déi een sech freeen kann!

D1H: VC Fenténg 2 - VC Stengefort 3-0 (25:12 ; 25:11 ; 25:15)

Eng schwiereg Aufgab stoung fir eis Hären um Programm, ëmmerhin ass den Géigner mat Fenténg 2 eng Equipe dei sech seit Joëren op deenen éischten 2 Plaatzen an der 1. Divisioun hällt. An trotzdem wollten sech eis Jongen als Opsteiger net verstoppen an waren voll motivéiert. Allerdëngs huet sech erausgestallt, dass dëst keen einfachen Match sollt ginn, wéi een sech et schonn erwaarden konnt.

Eis Hären fänken gudd un, ginn allerdengs séier an Réckstand. Déi Fenténger Reservequipe mëcht vill Drock um Service an zwéngt eis Jongen ëmmer ërem zu Feeler. Sou konnten sie séier eng däitlech Avance erausspillen, fir den Saatz um Enn mat 25:12 ze gewannen.

Den Start an den 2. Saatz ass dann ganz batter: dei Fenténger Hären maachen keng Feeler, eis Jongen hunn Problemer an der Receps an kommen an der Attaque kaum bis guer net duerch en ganz staarken géignerëschen Block, sou dass eng 10:0 Avance fir Fenténg zustaanen kënnt. No engem temps-mort kënnen eis Stengeforter dunn schlussendlech punkten, déi Fenténger Avance bleiwt allerdéngs konstant bei ongeféier 10 Punkten. Um Enn vum 2. Saatz muss een sech dann aus eiser Siicht mat 11:25 geschloën ginn.

Am 3. Saatz sinn eis Jongen dann nees mei konzentréiert, an kënnen eenegermoossen an Schlagdistanz bleiwen, iert de Géginer sech ërem mat e puer Punkten ofsetzen konnt. Dei Fenténger Erfahrung, den héichen Tempo an déi wackleg Stengeforter Receps sinn um Enn d'Haaptgrënn dofir, dass déi Fenténger sech och deen 3. Saatz mam Score vun 25:15 sëcheren kënnen, an sou den Match verdéngt mat 3-0 gewannen.

Fir eis Jongen bleiwt ofschléissend ze soën, dass een sech no an no muss un den Tempo an der 1. Divisioun gewinnen. Et muss een dei positiv Lektiounen aus dësem Match zéihen, an et dierf een sech op kee Fall ënnerkréien loossen. Nächsten Weekend geet et dann doheem géint den Oofsteiger aus der Novotel Ligue, den V80 Péiteng.

 

Um Enn geet en groussen MERCI  un all eis Supporter déi eis Equipen dësen Weekend nees ënnertëtzt hunn. Mir hoffen och weiderhin op är Präsenz op den Matcher!

Print Email

  • Sungas
  • GNToitures
  • logo grober
  • Logo HilbertConstructions
  • logo kichechef
  • logo kirsch
  • logo luxmotor
  • logo raiffeisen
  • Lucas new test
  • logo studio3
  • RoyalAuto
  • Peinture Paul Theis
  • Cars Benelux
  • logo Total
  • Clausel
  • LOGO CROCCANTE WEB
  • LOGO ären hauswierker