D'Resultater vum Weekend - Dammen 1 verléiren zu Diekrech, Hären gewannen doheem géint Péiteng!

Fir eis Dammen stoung dësen Weekend den 3. Spilldag an der Novotel Ligue um Programm, den Géigner war mam CHEV Diekrech keen einfachen. Eis Hären haaten mam V80 Péiteng den Ofsteiger aus der Novotel Ligue op Besuch.

D'Resultater vum Weekend am Iwwerbléck:

NLD: CHEV Diekrech - VC Steinfort 3-1 (23:25 ; 25:6 ; 25:17 ; 25:22)

Et war sëcherlech keng einfach Aufgab auswärts beim CHEV Diekrech fir eis Stengeforter Meedecher. Eis Dammen gewannen deen éischten Saatz mat klengst méiglechen Ecart, 25:23. E gudden Start, allerdéngs ass den Vize-Champion vun Diekrech am 2. Saatz dunn wakreg ginn. Op Stengeforter Säit war éischter den Contraire den Fall, d'Equipe wierkt wéi ausgetosch. Mat vill Drock um Service bereet d'Localéquipe eise Meedecher grouss Problemer, an der Receptioun klappt net vill. Dei Diekrecher Dammen gewannen dësen Saatz mat 25:6, an suergen domat fir kloer Verhältnisser. Et konnt een nëmmen hoffen, dass eis Meedecher nees zréck an den Match fannen, waat hinnen am 3. Saatz och gelongen ass. Trotzdem fueren dei Diekrecher Dammen do weider wou sie opgehaal haaten, allerdéngs konnten eis Meedecher dës Kéier besser dogéint haalen. Den Saatz geet trotzdem däitlech mat 25:17 un den CHEV, déi soumat mat 2-1 an den Sätz an Féihrung ginn. Am 4. Saatz wollten déi Diekrecher näischt méi ubrennen loossen, och wann een op Stengeforter Säit nach eng Kéier no erun komm ass. Deen 4. an leschten Saatz geet domat mam Score vun 25:22 un den Vize-Champion, déi den Match mat 3-1 gewannen.

Fir eis Meedecher geet et dann nächste Samsden um 19:00 Auer weider, wann sie den amtéirenden Champion vun Walfer empfänken.

D1H: VC Steinfort - V80 Péiteng 3-1 (19:25 ; 25:23 ; 25:19 ; 25:22)

Nodeems eis Hären um éischte Spilldag zu Fenténg batter ënnert d'Rieder komm waren, wollt sie dësen Weekend beweisen, dass een sie trotzdem net ënnerschätzen duerf. Allerdéngs war den Géigner mam V80 Péiteng keen einfachen. E besonnëschen Match war dëst fir den Guy Schanen, deen ufanks der Saison vum V80 op Stengefort gewiesselt war.

Den Ofsteiger aus der Novotel Ligue huet gudd ugefaang, eis Jongen hunn allerdéngs och gudd dogéint gehaalen, sou dass een ufanks en ausgeglachenen Match gesinn huet. Trotzdem ass et de Gäscht aus dem Minette gelongen sech en klengen Virsprong erauszespillen, sou dass sie den Saatz mat 25:19 fir sech entscheeden konnten. Eis Jongen waren trotzdem weider motivéiert, well een gesinn huet, dass hei mei dran war. Daat wollten sie nom Säitewiessel ënner Beweis stellen. Ëmmer méi entwéckelt sech en Match op Aenhéicht, eis Jongen iwwerzeegen duerch e staarken Block an enger gudden Défense. Och d'Receptioun wierkt am Verglach zum leschte Weekend staark verbessert. D'Hären vun Péiteng fannen den Wee duerch den Stengeforter Block net mei sou einfach wei daat nach virdrun den Fall war, während dëst eisen Jongen ëmmer besser geléngt. Um Enn sëcheren eis Jongen sech dësen Saatz knapps mat 25:23 an gewannen domat hieren 1. Saatz dës Saison. Am 3. Saatz gëtt et dann e bëssen turbulent. Während eis Jongen weiderhin Drock maachen, gerooden déi Péitenger ëmmer méi an Schwieregkeeten, besonnesch mam Aurel Vlaicu sengen Servicer hunn déi Péitenger grouss Schwieregkeeten an der Receps. Op Péitenger Säit kënnt et dann zu Onrouh innerhalb vun der Equipe, waat hinnen sëcherlech net hëlleft. Onschéin gëtt et wéi den Péitenger Passeur sëch eng giel Kaart afänkt, well heen mat enger Décisioun vum Arbiter net averstaanen war. Um Enn sëcheren eis Jongen sech den Saatz mat 25:19 an ginn 2-1 an Féihrung. Et haat een d'Gefill wéi wann den Momentum d'Säiten gewiesselt hätt, an dëst sollt sech och confirméiren. Während eis Jongen weiderhin konzentréiert agéieren, huet een op Péitenger Säit weiderhin Problemer. Et sollt allerdéngs nach eng Kéier spannend ginn, well eis Jonger dem Géigner duerch e puer onnéideg Eegefeeler hëllefen rem zréck an den Match ze kommen. Schlussendlech geléngt et den Gäscht beim Score vun 21:21 nach eng Kéier auszegläichen. Dunn sollt et nach eng Kéier onschéin ginn: No widderhuelter Warnung an gieler Kaart am 3. Saatz, kruut den Péitenger Passeur schlussendlech déi roud Kaart an leescht sénger Equipe domat keen Déngscht. Den Match schéngt bei 24:21 décidéiert ze sinn, an no enger faute de position vun den Gäscht kennt d'Freed op Stengeforter Säit keng Grenzen méi. Eis Jongen gewannen den Match mat 3-1 géint den V80 Péiteng an stellen androcksvoll ënner Beweis, dass een sie net ënnerschätzen duerf!

Eis Hären bleiwen deen nächste Weekend spillfräi, nächsten Géigner ass den Escher VBC am Kader vun der Coupe de Luxembourg. Dësen Match gëtt den 4. November um 18:00 Auer zu Stengefort gespillt.

D1D: Volley Bartreng 2 - VC Steinfort 2 3-2 (14:25 ; 25:21 ; 19:25 ; 25:11 ; 15:3)

D3D: VC Steinfort 3 - VC Standard Wiltz 0-3 (13:25 ; 11:25 ; 25-27)

D2H: RSR Walfer 2 - VC Steinfort 2 3-0 (25:7 ; 25:8 ; 25:14)

 

E groussen MERCI  un all eis Supporter déi eis Equipen dësen Weekend nees ënnertëtzt hunn!

Print Email

  • Sungas
  • GNToitures
  • logo grober
  • Logo HilbertConstructions
  • logo kichechef
  • logo kirsch
  • logo luxmotor
  • logo raiffeisen
  • Lucas new test
  • logo studio3
  • RoyalAuto
  • Peinture Paul Theis
  • Cars Benelux
  • logo Total
  • Clausel
  • LOGO CROCCANTE WEB
  • LOGO ären hauswierker