Resultater vum Coupe-Weekend

Den Weekend stoung d'Coupe um Programm fir eis Stengeforter Equipen, hei d'Resultater vun eiser Dammen- an Härenéquipe:

VC Belair (D2D) (+5) - VC Steinfort (NLD) 0-3 (12:25 ; 14:25 ; 16:25)

Fir eis Dammen goung et auswärts bei den VC Belair (2. Divisioun). Als Equipe aus der Novotel Ligue waren sie um Pabéier natierlech favoriséiert, mee d'Coupe huet jo bekanntlech hier eegen Reegelen. Déi grouss Iwwerraschung sollt an dësem Match allerdéngs ausbleiwen. Den Stengeforter Trainer Pompiliu Dascalu huet vun dëser Geleegenheet profitéiert, fir och deenen Spillerinnen déi soss manner Spillzäit kréien, hieren Asaatz ze ginn. Och wann d'Dammen vum Belair an all Saatz mat 5 Punkten Virsprong gestart sinn, sou konnten eis Meedecher schnell nees ausgläichen an en kloëren Virsprong erausspillen. Et bleiwt awer ze soën, dass d'Equipe vum Belair phasenweis richteg gudd dogéint gehaalen huet, an eis Meedecher bei deem een oder aaneren Ballwiessel kaal erwëscht huet. Ënnert dem Strëch war den Ënnerscheed tëschent deenen 2 Equipen awer däitlech ze gesinn. Sou gewannen eis Meedecher kloer an verdéngt mat 3-0 an stinn domat an der Véirelsfinall. Hei ass den Géigner den Volley Bartreng, déi hieren 1/8-Finall-Match géint den VB Iechternach mat 3-2 gewonnen haaten.

VC Steinfort (D1H) (+4) - Escher VBC (NLH) 0-3 (22:25 ; 20:25 ; 23:25)

Eis Hären haaten um Sonndegowend den Escher VBC op Besuch. Am Virfeld war kloer, dass den Supercoupe-Gewënner vun Esch den Favorit wier, mee sou däitlech sollt et hei net ginn. Eis Hären ginn mat Respekt an dësen Match, an deem sie an all Saatz 4 Punkten Virsprong kruuten. An et sollt och eng Zäit laang daueren, bis déi Escher dësen égaliséieren konnten. Duerch hiert séiert Spill sollt dëst awer fréiher oder spéider geléngen, sou dass d'Gäscht sëch en klengen Virsprong erausspillen konnten. Duerch vill Asaatz an eng deels onkonventionell Spillweis konnten eis Stengeforter Hären déi Escher allerdéngs déi eng oder aaner Kéier iwwerraschen, sou dass et bis zum Enn spannend bleiwen sollt, well sech och ëmmer erem kleng Feeler an daat Escher Spill geschlach hunn. Schlussendlech hunn dei Escher sech den éischten Saatz mam Score vun 25:22 gesëchert. Dëst war sou zimmlech d'Bild vum Match, eis Hären konnten deels gudd mathaalen, ma um Enn sollt et net duergoën fir dem Supercoupe-Gewënner ee Saatz ofzeknäppen. Sou ginn d'Sätz 2 an 3 och un dei Escher mat 25:20 an 25:23. Fir d'Gäscht heescht et also Pflichtaufgab erfëllt, während fir eis Hären an der Aachtelsfinall Schluss ass. Trotzdem kann een aus Stengeforter Siicht zefridden sinn an positiv op déi nächst Matcher kucken.

 

Eis Dammen 2 an Hären 2 kommen réicht am nächsten Tour vun der Coupe FLVB zum Asaatz, sie haaten an der éischter Ronn ee Fräilous zougeloust kritt. D'Dammen 2 wärten et an der 2. Ronn mam VC Fenténg 2 ze doen kréien, während eis Hären 2 op den VC Stroossen 2 treffen. Dës Matcher wärten den 15./16. Dezember gespillt ginn.

 

Nächste Weekend steet dann nierft dem Baggers' de Bal rem normal den Championnat um Plang fir all eis Equipen.

Lass geet et en Samsden um 16:00 Auer. Do sinn eis Dammen 2 beim VC Luerenzweiler op Besuch.

Um 19:00 Auer ass et un den Dammen 1, déi auswärts zu Mamer untrieden.

D'Dammen 3 maachen d'Ouverture um Sonnden, sie spillen doheem géint den VB Amber-Lënster, dëst um 14:00 Auer.

Am leschten Match vum Weekend treffen eis Hären 1 um 18:00 Auer am Duell vun den Opsteiger op den VB Iechternach.

 

Mir zielen dobäi natierlech op d'Ënnerstëtzung vun eisen Supporter!!

 

Print Email

  • Sungas
  • GNToitures
  • logo grober
  • Logo HilbertConstructions
  • logo kichechef
  • logo kirsch
  • logo luxmotor
  • logo raiffeisen
  • Lucas new test
  • logo studio3
  • RoyalAuto
  • Peinture Paul Theis
  • Cars Benelux
  • logo Total
  • Clausel
  • LOGO CROCCANTE WEB
  • LOGO ären hauswierker