4. Spilldag an der Novotel Ligue - Dammen 1 verléiren géint Walfer
Dësen Weekend war reduzéierten Programm ugesoot, nëmmen d'Equipen aus der Novotel Ligue waren am Asaatz.
NLD: VC Steinfort - RSR Walfer 0-3 (19:25 ; 21:25 ; 19:25)
Eis Stengeforter Dammen haaten dofir am Kader vum 4. Spilldag d'Résidence vun Walfer op Besuch. D'Geschicht vun dësem Match ass séier erzielt, de Champion vun Walfer gewënnt kloër mat 3-0.
Domat rutschen eis Dammen an der Tabell op déi 6. Plaatz, nodeems déi Stroossener Dammen mat 3-1 zu Iechternach gewannen konnten. Nächsten Weekend steet dann d'Coupe de Luxembourg um Programm, wou et fir eis Meedecher op den Belair geet.
Um 5. Spilldag geet et dann auswärts géint den VC Mamer.