Vum 27. bis den 29. Dezember gëtt an der Coque dei 31. Editioun vum traditionellen Novotel Cup gespillt. Do treffen eis Dammen- an Härennationalekipp op eng Partie staark Géigner, waat net nëmmen flotten Volleyball, mee och eng gudd Ambiance versprëcht!
Mam Yana Feller an Carla Frank sinn och 2 Spillerinnen vum VC Stengefort bei dësem Tournoi mat dobäi! Mir wënschen hinnen an hierer Ekipp vill Erfolleg!
Den VC Stengefort ass och op dësem Evenement vertrueden: Mir këmmeren eis den 28. Dezember em d'Buvette, an hoffen bei där Gelegenheet sou vill wei méiglech bekannten Gesiichter ze gesinn!
Nodeems eis Dammen sech an der Véirelsfinall 3:0 géint den VB Iechternach behaapten konnten, stinn sie elo an der Halleffinall vun der Coupe de Luxembourg, dei am Kader vum "Final 4" den 1. Februar um 18:30 Auer an der Haal um Belair gespillt gëtt. Do heescht den Géigner CHEV Diekrech.
Och eis Juniorinnen konnten sech relativ kloer 3:0 géint den CHEV Diekrech behaapten, an stinn domat och an der Halleffinall vun der Coupe, wou sie den VB Iechternach als Géigner erwaart. Den genauen Zäitpunkt vun dëser Halleffinall steet allerdéngs nach net fest.
Eis Hären scheeden no enger 0:3 Défaite géint den Coupegewënner vum leschten Joër, den VC Fenteng, aus der Compétitioun aus.
Den Dammen 2 ergeet et nämlecht, sie hunn hieren Match géint Bartreng 2 0:3 verluer.
Eis Dammen an Juniorinnen hoffen op äer Ënnerstëtzung!
Den 08., 09., 10. an den 15., 16., 17. Dezember 2017 zu Stengefort op der Gemengeplaatz!
Den VC Stengefort invitéiert Ierch häerzlech op säin Stand um Chrëschtmaart, wou Dir wéi all Joërs eng gudd Taass Glühwäin, an och eng gudd Ënnenzopp kënnt genéissen.
Mir hoffen Ierch bei eis um Stand begréissen ze kënnen.