Den VC Stengefort ass frou TOTAL ennert sengen Sponsoren ze hunn.
Vum Dennschden, 1. März 2016 un, kennen all Memberen, hir Famill, Frenn an Supporteren, déi den VC Stengefort ennerstetzen wellen bei der Tankstell TOTAL um Wandhaff beim bezuelen soen, dass Sie den VC Stengefort wellen ennerstetzen.
Doduerch kritt den VC Stengefort vun Total pro Liter eng Zomm gutgeschriwen, déi eisen Verain dann iwerwisen kritt.
All deenen, déi eis mat deser Aktioun ennerstetzen, soen mir elo schon villmols Merci.
!! Vergiesst och all eis aener Sponseren net, ouni déi eisen Verain net den Erfolleg hett, den hien zannter deenen leschten Joer huet. !!
Den Weekend vum 21-22 Februar 2016 ass eriwer, mee en waert nach eng Zait an eisen Käpp haenken bleiwen. Viir d'eischter kéier an senger Geschicht war den VC Stengefort matt 3 Equipen an der Final vun der Coupe de Luxembourg vertrueden. Mat den Minimes, den Dames 2 (Coupe FLVB) an den Dames 1.
Eis Minimes hunn den Samschden den Moien den Ufank gemaach, an sech tapfer géint eng gudd opgestallten Mamer-Equipe gestallt, mee leider hunn se 3-0 verluer. Mir sinn stolz op sie, an sie waerten nach will Meiglechkeeten kréien eng Coupe mattheem kennen zehuelen.
Am spéiden Nometteg war et dun un eisen Dames 1 sech géint Mamer zebeweisen. Den Viirsprong vun 2 Sätz deen se sech mat enger super Leeschtung méi wéi verdengt haaten, gong leider net duer. Trotz enger 3-2 Defaite hunn sie hier 2ten Plaatz an der Coupe de Luxembourg zesummen mat hierem Trainer Relu geféiert. Merci, fir déi Leeschtung an fir déi gudd Reklam déi sie fir den Stengeforter Volleyball gemaach hunn.
Mir wellen och eisen Supporteren een grousse MERCI soen. Hir Ennerstetzung war eng weider Motivatioun fir eis Meedercher.
Den Sonnden dunn hunn eis Dames 2 géint eng gudd Strossener Equipe leider och den Kierzeren gezunn, mee sie kennen stolz op hier 2ten Plaatz an der Coupe FLVB sinn.
Geschter Owend hun eis Dames 1 sech mat engem 3:0 geint den VC Stroossen duerchgesaat an stin elo an der Final vun der Coupe!
Den Géigner an der Final ass den VC Mamer an den Match gett en Samschten, 20. Februar um 17:00Auer zu Bartreng gespillt.
Mir brauchen rem all Ennerstëtzung an freen eis op all eis super Supporter.
Och eis Minimeshunn et faerdeg bruecht all Match um Tournoi zu Jonglenster ze gewannen, an stinn den Samsdeg, 20.Februar (10:00Auer) zu Bartreng an der Final.
EisDames 2 spillen den Sonnden, 21.Februar um (16:00 Auer) zu Bartreng an der Final.
Soumat steet den VC Steinfort des Saison, 2015/16, mat 3 Equipenan der Final vun der Coupe de Luxembourg.
!!! Den VC Steinfort dreckt sengen Equipen d'Daumen, an wenscht hinnen fill Erfolleg. !!!
Desen WE hunn eis Minimes, Scolaires, Juniorinnen an eis Dames 2 sech an der Coupe de Luxembourg mussen beweisen.
D'Minimes hunn et faerdeg bruecht all Match um Tournoi zu Jonglenster ze gewannen, an stinn den Samsdeg, 20.Februar (10:00Auer) zu Bartreng an der Final.
D'Scolaires hunn hiren eischten Match géint Stroossen gewonn. Am zweeten Match hunn se et géint Walfer leider net gepackt.
Eis Junniorinnen hunn sech bei hirem Match vum Samschden géint den VC Mamer gudd geschloen, mee um Enn ass et leider net duergaang.
Eis Dames 2 hunn den Sonnden dunn den Coupe-Weekend mat engem 3-1 Gewenn géint den VC Mamer 2 gekréint, an stinn den Sonnden, 21.Februar um (16:00 Auer) zu Bartreng an der Final.
Soumat steet den VC Steinfort des Saison 2015/16, bis elo, mat 2 Equipen an der Final vun der Coupe de Luxembourg.
Eis Dames 1 spillen den
Donneschden, 18.02.2016 um 18:30Auer
déi eischt Halleffinal
zu Bartreng am Centre Atert,
géint VC Strassen
an hunn domat och nach d'Meiglechkeet an d'Final zekommen.
!!! Den VC Steinfort dreckt sengen Equipen d'Daumen, an wenscht hinnen fill Erfolleg. !!!