Desen Weekend waren d'Matcher vun der 1/4 finale vun der Coupe de Luxembourg. Eis Seniors Equipen hunn leider hir respektiv Matcher verluer.
Eis Jugend Equipen hunn an hiren jeweilegen Kategorien den Sonnden um Belair gespillt.
D'Minimes hunn et bis an d'Halleffinal gepackt wou se géint Bartreng, een vun den Finalisten, verluer hunn.
D'Scolairen hunn den Halleffinal Match gewonn, an stinn domat an der Final vun der Coupe de Luxembourg.
!!! Felicitiatioun !!!
Den Denschdeg, 16. Dezember 2014 bleiwt dann nach den Match vun eisen Cadetten. Mir haalen hinnen d'Daumen, dass sie den Wee bis an d'Halleffinal, an och nach weider, packen.
(Cadettes) VC Steinfort - Volley Bartreng um 18:30 Auer zu Stengefort an der Hall