De VC Stengefort huet sech schon seit ee puer Joer als Aufgab geholl, méi eco-responsabel ze ginn a senge Manifestatiounen an a senger Buvette.
Mee wei hu mir dat elo emgesaat?
An eiser Buvette:
- Mir benotzen an eiser Buvette keng Einweg-Telleren a Bechere méi
- Mir versichen sou vill wei méiglech op Plastiksfläsche beim Gedrénks ze verzichten, an op ee Maximum op gliesen Fläschen zeréckgräifen
- Mir versichen nach méi op lokal, regional, Bio a Faitrade Produiten zeréckgräifen an sensibiliséieren eis Memberen och mei bewosst an ëmweltfrëndlech anzekaafen
- Mir versichen eis Visiteure méi op eis Offall-Trennung ze sensibiliséieren, mat enger verbesserter Beschëlderung vun den Poubellen
- Op eisem Beach verzichte mir op Pabeier fir d’Resultater vun de Matcher festzehalen an opzehänken, mee hunn do eng flott nei Initiativ fonnt mat Bildschiermer, QR-Coden an Whiteboards fir d’Arbiter -->
- Alles wat mir nach mussen ausprinten, gëtt op recycléiertem Pabeier ausgedréckt
- Seit leschtem Joer si mir och een zertifizeiert Anti-Gaspi Event!
Et klengt net no vill, mee et sinn déi kleng Aktiounen an déi kleng Gesten déi ee groussen Impakt kennen hunn !