Skip to main content

Vu kleng bis grouss: Eis Spiller gi nei agekleet!

| News
De 15.10.22 hunn eis Minimmen a Scolaire, zweschend  den Heemmatcher vun eisen Damen 2 & 1, hirem Sponsor Welter Michel mat ICE Inter Concept Electro Merci gesot fir hier nei Trikoten. Mat dëse konnten dunn d'Scolaires de 16.10, an eis Minimmen dann den 23.10 hier éischt Tournoien spillen. 
 
Dann hunn den 23.10.22, virum Häre Match géint de RSR Walfer 2, eis Hären an U19 hirem Sponsor Robert Lucas villmools Merci gesot fir hier nei Trikoten. 
 
De Comité well dann och engems dem Inter Concept Electro, dem Lucas an dem Maxpoint villmools Merci soe fir déi flott nei Trikoten an hofft op nach eng laang Zesummenaarbecht. 
 
Wann dir méi Informatiounen iwwert eis Sponsoren wellt hunn, klickt einfach op hiren Logo, dann gitt dir direkt op hir Website weidergeleet:)