History
D'Geschicht em de Volleyball Club Stengefort
De Club „VOLLEYBALL CLUB STEINFORT“ gouf 1974 enner dem Impuls vum Pol Walisch, fréiere Spiller vum US Lalléng an dem Olympic, gegrennt. Hien wor dann och deen éischte President, gouf awer schon ee Joer duerno, 1975 vum Gaston Hilgert ersaat.
Am September 1975 sollt de Club dann fir d’éischte Kéier um Championnat deel huelen, an daat mat enger Senior Hären-, enger Junior Dammen-, enger Junior Hären- an zwou Mimines-Equipen. Deen éischte Champion’s-Titel an der Veräins-Geschicht huet d’Minimes-Equipe an der Saison 1976/77 gewonnen.
Am Juli 1976 gouf de Club am Kader vun engem Sponsorings-Vertrag embenannt als „VOLLEYBALL CLUB STEINFORT UNIROYAL“. An de 90er Joeren sollt de Numm Uniroyal dann nees verschwannen.
An der Saison 1981/82 spillt mat der Hären Equipe déi éischte Kéier ee Vertrieder vum Stengeforter Veräin an der Nationaldivisioun mat. Do konnten sie sech mat enger sechster Plaatz halen. Daat Joer drop sollt et dann un den Dammen sin, an der Nationaldivisioun ze spillen. Et sollt dem Veräin duerno nach e puer Mol geléngen Equipen an der höchster Divisioun vum Championnat ze plazéieren.
No enger ganz schwéierer Period Enn den 90er Joeren, wor de Club op een Hoer opgeléist gin. Et wor just e puer couragéierte Leit ze verdanken, dass et de Club haut nach get, an dass desen säit 10 Joer stänneg ganz gudd Resultater opweist, an am Jugendberäich mat zu de beschten Veräiner am Land zielt.
Zeitungsartikelen
Hei fannt dir Zeitungsatirkel iwwert de Volleyball Club Stengefort
PräsidentInnen
Dës Persounen hunn mat hieren jeweillegen Comitéen d'stengeforter Geschicht geprägt

WALISCH Paul (1974-1975)

HILGERT Gaston (1976-1982)

PORDAN Fred (1982-1984)

SPRUNCK Emile (1984-2000)

ERPELDING Guy (2000-2011)

GILBERTS Andy (2016-2018)

CLEMEN Mireille (2011-2016 & 2018 bis haut)
PDFs
Hei kennt dir d'Artikelen och als PDF eroflueden:
Volleyball-Damen aus Steinfort als Aufsteiger geehrt | Luxemburger Wort, Mee 1999 | Download |
Ovation für den Volleyball-Club Steinfort | Luxemburger Wort, Juli 2010 | Download |
Steinfort écarte Pétange | Le Quotidien, Februar 2017 | Download |
VC Steinfort - VC Strassen | Tageblatt, 18. Februar 2016 | Download |
"Volleyball ist mein Leben" | Tageblatt, Februar 2016 | Download |
Bartringen mit dem besseren Ende | Tageblatt, 10. Oktober 2022 | Download |
Steinfort logiquement | Le Quotidien, 19. Februar 2016 | Download |
Doppeltes Aus für Bartringen | Tageblatt, 11. November 2019 | Download |
Kampf ums Viertelfinale | Tageblatt, 5. November 2021 | Download |
Endlich wieder dabei | Luxemburger Wort, 8. Februar 2022 | Download |
Die Volleyball-Familie bekommt neue Mitglieder | Luxemburger Wort, 8. November 2023 | Download |