Skip to main content

Antigaspi - Kampf géint d'Liewensmëttelverschwendung

De VC Stengefort huet sech dozou entscheed, sech der Antigaspi-Charta vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau
fir ëffentlech Evenementer unzehuelen. Dës Charta mat hiere Mesuren fannt dir hei drënner:

Kontext:

Am Kader vum Kampf géint d’Liewensmëttelverschwendung huet de Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau (heirënner de „Ministère“) 2016 d’Sensibiliséierungscampagne „Zesumme géint d’Liewensmëttelverschwendung“ (heirënner „Antigaspi-Campagne“) an d’Liewe geruff. Zanterhier goufen eng ganz Rei vun Aktiounen ënnert dem Titel „Antigaspi“ organiséiert.
D’Zil ass et, den Organisateuren d’Méiglechkeet ze ginn, den Antigaspi-Logo „Event“ vum Ministère bei ëffentlechen Evenementer ze benotzen, bei deenen dem Publikum Iesswueren am Respekt vun de Bedéngungen, déi an dëser Charta fir de Kampf géint d’Liewensmëttelverschwendung festgeluecht sinn, ugebuede ginn.
Definitioun: Ënner „Liewensmëttelverschwendung“ versteet een all fir de Konsum duerch de Mënsch bestëmmten Iesswueren, déi an enger Etapp vun der Narungskette verluer ginn, ewechgeheit ginn oder verdierwen.

Zil

Den Organisateure vun ëffentlechen Evenementer duerch d’Bereetstelle vu Richtlinnen ze hëllefen, gezielt géint d’Liewensmëttelverschwendung virzegoen, an esou déi national Campagne „Zesumme géint d’Liewensmëttelverschwendung“ op antigaspi.lu ze fërderen.

Allgemeng Bedéngungen

  1. Den Organisateur reecht am Virfeld eng Demande iwwert de Formulaire „Demande fir d’Benotze vum Antigaspi-Logo“ eran, deen een op antigaspi.lu online ausfëlle kann.
  2. D’Recht fir den Antigaspi-Logo „Event“ ze benotzen, gëtt vum Ministère fir ee bestëmmt Evenement accordéiert.
  3. Bei engem Event un deem méi Akteure bedeelegt sinn, ass den Haaptorganisateur verantwortlech dofir, datt déi obligatoresch Antigaspi-Moossname vu jidderengem respektéiert ginn.
  4. De Logo däerf eréischt benotzt ginn, wann d’Zoustëmmung vum Ministère virläit.
  5. Wann d’Benotzung vum Antigaspi-Logo „Event“ no enger Demande refuséiert gëtt, engagéiert de Ministère sech, dëse Refus schrëftlech ze begrënnen. Den Organisateur kann, wann hien dat wëll, déi geplangte Moossnamen änneren, fir d’Ufuerderunge vun dëser Charta besser ze erfëllen, an dann eng nei Demande areechen.
  6. Fir den Antigaspi-Logo „Event“ ze kréien, muss d’Evenement déi néng obligatoresch Moossnamen erfëllen, woubäi d’Anhale vun den allgemengen Hygiènesvirschrëfte virausgesat ass.
  7. Ofgesi vun der Gréisst, déi un déi verschidde visuell Supporten ugepasst ka ginn, däerf den Organisateur d’Ausgesi vum Logo net veränneren.

D’Antigaspi-Moossnamen

Déi obligatoresch Krittären déi mussen erfëllt ginn, fir den Antigaspi-Logo „Event“ ze kréien:

  • D’Leit, déi um Event an der Restauratioun schaffen, iwwert dës Antigaspi-Moossnamen informéieren an hinnen erklären, wéi se anzehale sinn. Zil ass et, d’Mataarbechter fir den Thema Antigaspi ze sensibiliséieren. Sou kënne si och de Konsumenten Infoen zu de Moossname ginn.
  • Den Akaf vun de Liewensmëttel ob d’Bestellung an d’Erfarunge vum Joer virdru baséieren. An och no dësem Event een detailléierte Bilan zéien, ob net zevill Liewensmëttel bestallt goufen.
  • Souwäit et méiglech ass, a fir eventuell Reschter verwäerten ze kënnen, sollen déi eenzel Komponente bis dee leschte Moment esou mann ewéi méiglech verschafft/preparéiert ginn. Hei e puer Beispiller:
    • Zaloten an anert réit Geméis net direkt all wäschen a schneiden;
    • net all dat réit Geméis oder Zaloten am Viraus mat der Vinaigrette vermëschen;
    • Bréidercher net all beienee opschneiden, mee no a no, sou wéi se gebraucht ginn;
    • net zevill Gegrilltes a Fritte virmaachen;
    • ëmmer nëmmen eng Zooss pro Goût opmaachen.

Ënner „Reschter“ versteet een an dësem Fall deen net verkaaften / net virbereeten Undeel un Iesswueren, deen net am Self-Service fir de Verkaf ugebuede gouf. Ausname si virverpaakte Liewensmëttel. Selbstverständlech dierfen dës Reschter net verduerwe sinn.

  • Souvill wéi méiglech Liewensmëttel aus der Regioun bezéien an och krommt Geméis an Uebst kafen a verschaffen. Et kann ee souwuel a regionale Butteker ewéi bei Produzenten direkt kafen oder awer beim Grossiste oder Supermarché regional Produite bestellen.
  • Do wou et méiglech ass, kleng a grouss Portiounen ubidden. Z. B. kleng a grouss Tellere beim Buffet, kleng a grouss Portioune Fritten, Nuddelen, asw. De Begrëff „Kannerportioun“ däerf net fir déi kleng Portioune benotzt ginn. Gegrilltes wa méiglech mat an ouni Brout ubidden.
  • Iesswueren, déi sech net méi bis den aneren Dag halen, eng Stonn viru Schluss vum Event méi bëlleg verkafen. Beispiller heivu si Gegrilltes a Fritten, déi d’Killkette verlooss hunn an/oder net méi an hirer initialer Verpakung sinn, oder scho virgemaachten/preparéiert Iesswuere wéi Fritten, Gegrilltes, Baguetten a Bréidercher, Zaloten etc.
  • Um Enn vum Evenement sollen Iesswueren, déi net verkaaft gi sinn souwéi Reschter vun den Organisateuren, Benevollen oder dem Personal kënne matgeholl ginn, souwäit se nach gutt sinn. Et gëtt drop higewisen, datt Liewensmëttel, déi een doheem agefruer huet, op kee Fall nach eng Kéier fir zukënfteg ëffentlech Evenementer benotzt däerfe ginn! Wichteg ass, datt dës Iesswueren net un Déier verfiddert, mee als Liewensmëttel verwäert ginn.
  • Nieft den Dreckskëschte fir net recycléierbaren Offall de Gäscht e Behälter fir Bio-Offall zur Verfügung stellen. Och op de Verkafsstänn solle Biotonne genotzt ginn.
  • D’Affiche „Dëst ass een Antigaspi-Event”, déi de Landwirtschaftsministère zur Verfügung stellt, op e puer Plazen ophänken.


Déi fakultativ Krittären, mat deenen den Organisateur sech nach ka weider engagéieren, fir aktiv géint d’Verbëtze vu Liewensmëttel virzegoen:

  • Wann ee komplette Menü zerwéiert gëtt (z. B. Entrée, Haaptplat an Dessert), all d’Platen och eenzel ubidden.
  • Wann op Telleren zerwéiert gëtt, moderat Portiounen ubidde mat der Méiglechkeet vun engem zweete Passage.
  • Wann ee Buffet ugebuede gëtt, d’Gäscht drop opmierksam maachen (z. B. mat enger Affiche), datt si d’Méiglechkeet hunn, sech eng zweete Kéier ze zerwéieren. Esou sollen d’Leit dovun ofgehal ginn, direkt méi ze huelen, wéi se um Enn paken.
  • De Leit d’Méiglechkeet bidden, hier Iessensreschter mat Heem ze huelen. Hei dierfe keng Barquetten, etc aus Einwegplastik gehol ginn, mee d’Behälter musse Mehrweg sinn, ewéi z. B. d’Ecobox®. Hei gëtt drop higewisen, datt d’Reschter, déi op den Tellere bleiwen, opgrond vun den Hygiènesvirschrëften net an d’Kichen däerfen zeréckgoen, fir an Dëppercher ëmgefëllt ze ginn, déi ee selwer matbruecht huet.
  • Bei Evenementer mat optionalem Iesse e Reservatiounssystem fir d’Iessen ubidden. Op dës Manéier kann d’Bestellung méi genau opgestallt ginn.
  • Wann d’Gedrénks net am Glas, mee a Mehrwegfläsche verkaf gëtt, verschidde Gréisste vu Fläschen ubidden.

Flichten am Beräich vun der Liewensmëttelsécherheet


D’Hygiènesvirschrëften, dorënner d’permanent Anhale vun der Killketten, mussen applizéiert ginn. Weider Informatiounen zu dësem Thema fënnt den Organisateur um Internetsite

https://securite-alimentaire.public.lu/fr/professionnel/Denrees-alimentaires/Hygiene-alimentaire.html.

Kontrollmechanismus

Wann dës Charta net respektéiert gëtt, kann d’Geneemegung fir d’Benotze vum Antigaspi-Logo „Event“ zeréckgezu ginn. Den Organisateur engagéiert sech, vun deem Moment un direkt op all Kommunikatioun, déi den Antigaspi-Logo „Event“ enthält oder déi op eng Zesummenaarbecht am Kader vun der Antigaspi-Campagne hiweist, ze verzichten. Den Organisateur ka keng Entschiedegung fuerderen, wann d’Recht op d’Benotze vum Antigaspi-Logo „Event“ ausgesat oder zeréckgezu gëtt.

De Ministère behält sech d’Recht vir, wärend dem Event Kontrollen op der Plaz duerchzeféiere fir ze kucken, ob déi obligatoresch Moossnamen ëmgesat ginn; an dat ouni datt den Organisateur am Virfeld doriwwer informéiert gëtt. Ginn déi obligatoresch Moossnamen net respektéiert, kritt den Organisateur den Antigaspi-Logo „Event“ oferkannt.